Luxemburger Wort

Student fir 1 Dag

Gestalt deng Zukunft mat der Acel

-

Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass? Dann sief och du Student fir 1 Dag bei der Luxembourg Edition 2021!

Wat, wou, wéini?

Dëst Joer fënnt den traditione­lle Student fir 1 Dag an enger spezieller Form, an zwar der Luxembourg Edition, statt. Dofir besicht Acel net wéi gewinnt mat de Schüler a Schülerinn­en d’Studentest­ied, mee d’Studenten a Studentinn­en aus de verschidde­ne Stied komme bei dech op de Belval an d‘Raimlechke­ete vun der Uni Lëtzebuerg!

D’Cerclen aus de jeeweilege Stied stellen hier Stad vir, mat allem wat dir hëllefe kann, eng Entscheedu­ng fir deng Zukunft ze treffen! Natierlech kanns du hei och all deng Froe stellen an dech mat de Studenten a Studentinn­en ënnerhalen.

Dënschdes, de 6ten Abrëll sinn 12 Stied aus Däitschlan­d vertrueden an e Mëttwoch, de 7ten Abrëll kanns du verschidde Stied aus Frankräich, der Belsch, Holland, der Schwäiz an Éisträich kenne léieren.

Wéi leeft dat Ganzt elo of? Däin Dag fänkt mat enger Presentati­oun vun der ACEL zesumme mam Cedies (Centre de Documentat­ion et d'Informatio­n sur l'Enseigneme­nt Supérieur) un. Du kanns entscheede­n ob s du entweder um 8.00 Auer oder um 13.00 Auer starts! Wann's du dech fir mindestens eng Stad virun 13.00 umells, muss du automatesc­h um 8.00 present si fir däin Dag ze starten, falls du dech just no 13.00 Auer ugemellt hues, muss du um 13.00 Auer present si fir un der Acel/Cedies Presentati­oun deel ze huelen. Du kanns also bis zu sechs Stied besichen, wann s du moies ufänks oder bis zu dräi Stied, wann s du just mëttes dobäi bass.

Ech wëll dobäi sinn, mee wat muss ech dofir maachen? Wéinst de sanitäre Mesurë gi just limitéiert Platzen ugebueden, dofir muss du dech umelle fir bei dësem Student fir 1 Dag – Luxembourg Edition matzemaach­en. Du kanns also bei der Umeldung soen, wéi eng Stied dech interesséi­eren a wéi eng Auerzäit(en) dir am beschte passen. Vergiess also net dech hei unzemellen: sf1d.acel.lu

An net ze vergiessen: de Student fir 1 Dag ass fir dech natierlech komplett gratis!

Mat dobäi den 6. Abrëll: Berlin, Bonn, Köln, Frankfurt, Freiburg, Heidelberg, Kaiserslau­tern, Karlsruhe, München, Oochen, Saarbrécke­n an Tréier

Mat dobäi den 7. Abrëll: Amsterdam, Bréissel,

Fribourg, Innsbruck, Léck, Maastricht, Nanzeg, Stroossbue­rg, Wien an Zürech

Acel – de Studenteve­rtrieder

Fir weider Informatio­unen: contact@acel.lu www.facebook.com/AcelLuxemb­ourg | www.acel.lu/sf1d

 ??  ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg