Fir eng Collectrice du Nord
Säit ville Jore gëtt doriwwer geschwat, fir d’N7 auszebauen an op déi Manéier méi sécher ze kréien a se zäitgeméiss benotzen ze kënnen. Am Minett ass och esou eng Strooss gebraucht ginn an et ass eng Collectrice du Sud gebaut ginn. Déi hunn ech eng Zäit all Dag benotzt, esou wéi ech haut elo d’N7 benotzen. Dofir kann ech soen, datt op der Collectrice net méi Autoe fuere wéi op der N7, éischter ëmgedréit. Wat elo op der N7 soll realiséiert ginn, ass guer näischt an et hätt ee besser, et sënn ze loosse fir dat Geld, wat et kascht. Ech wëll an ech kann net oder ech ka ma ech wëll net, esou gesäit et aus.
Ech froe mech och, firwat muss vum Fridhaff bis op d’Wemperhaart eng Vëlospist gebaut ginn? Huelt dach déi Spuer an hänkt se un d’N7 drun. Mir hu Vëlospiste genuch déi vill Sue kascht hunn a net benotzt ginn. Sollen d’Éisleker elo all mam Vëlo bis op Ettelbréck an duerno mam Zuch op d’Aarbecht? Well vun der Wemperhaart op Ettelbréck ass den Zuch jo och e Witz. Dee kënnt och scho laang zweespuereg sënn, ma fir d’Éisleker ass dat gutt genuch.
Et gesäit just esou aus, wéi wann den Här Bausch an den Här Turmes mat hirer grénger Partei fir 2023 wéilten am Éislek Punkte sammelen. Ma ech gleewen net, mat deem, wat der do wëlles hutt, datt dir bei den Éisleker op déi Manéier eppes ëmrappt, éischter ëmgedréint!
Et soll een ob seng Ëmwelt oppassen, dofir sënn ech och, ma et däe-rf een awer net méi Helleg sënn ewéi de Poopst! Gréng soll wierken, ma zäitgeméiss! Här Bausch maacht bei der N7 Neel mat Käpp, näischt Hallwes, oder loosst et sënn!
Jean Claude Lahyr, Dahl
Collectrice du Sud: Vorbild für den Norden?